Presentatioun vun der Lëtzebuerger Arméi
-
Cycle/Klass/AlterskategorieClasses inférieures, Classes supérieures
-
SproochenLU, FR, EN
An dëser Kategorie geet et ëm Entdecken, Verstoen an Ausprobéieren – Froen ze stellen an seng eegen Äntwerten ze fannen.
Hei fënnt ee Workshops, Aktivitéiten a Challenge, déi verschidde Weeër ubidden, fir Wëssenschaft an Technologie z’entdecken: mol experimentell, mol analytesch, mol kreativ. Nei Iddie kënnen ausprobéiert, Zesummenhäng entdeckt a Gedanke Schrëtt fir Schrëtt weiderentwéckelt ginn.
Egal ob et ëm déi grouss Froe vum Universum, spannend technologesch Entwécklungen oder kleng Experimenter mat iwwerraschende Resultater geet – dëse Beräich bitt Plaz fir Exploratioun a weiderféierend Iwwerleeungen.
Wëssenschaft an Technologie bedeiten hei virun allem: virwëtzeg bleiwen, Saachen hannerfroen an d’Welt ëmmer erëm aus neie Perspektive kucken.