WibS – Wibbelen & intelligent beweegen an der Schoul

De WibS riicht sech un all d’Schoulen, déi Beweegung als festen a wichtege Bestanddeel vum Schoulalldag verankere wëllen. Et geet net nëmmen ëm Sportstonnen, mee ëm eng ganzheetlech Approche, déi Beweegung op ënnerschiddlechen Niveaue fërdert. Mir wëlle weisen, datt Beweegung net nëmmen an der Sportshal stattfanne muss mee och kann an de Schoulalldag integréiert ginn.

SCRIPT Robotik Challenge

D’SCRIPT Robotik Challenge faasst verschidden interessant Offeren am Beräich Robotik a Programméierung zesummen. D’Challenges ginn vum SCRIPT koordinéiert a ginn de Kanner a Jugendlechen d’Méiglechkeet, hir technesch Fäegkeeten, Kreativitéit an Teamaarbecht an der Praxis ze weisen.

Zum Angebot gehéieren ënner anerem d’FIRST LEGO League Challenge, d’Dash Live Challenge an d’Junior Robot Challenge. Déi verschidde Formater riichte sech un ënnerschiddlech Altersgruppen an Erfarungsniveauen a maachen de Spass un Robotik, Technik an Innovatioun erliefbar.

Egal ob éischt Erfarunge mat Roboteren oder schonn fortgeschratt Kenntnisser – bei der SCRIPT Robotik Challenge fënnt all Mënsch déi passend Erausfuerderung.