Beschreiwung vun der Organisatioun:
D’Make it Asbl gouf 2018 gegrënnt an as eng dynamësch a begeeschtert Communautéit vu “Maker” aus de verschiddenste Beräicher. Eis Missioun as et d’Maker-Bewegung weider auszebauen, zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an doriwwer eraus. Eis Ziel as ët méiglechst vill Maker dobäi ze hëllefen hier Vocatioun ze fannen an ze verwierklechen.
#STEAM: Fir eis as Kreativitéit e wichtegen Deel bei der Vermëttlung vu Wëssenschaft an Technik. Mir bannen dofir och eng breet Panoplie vu Coachen an eis Aktivitéiten an. Mir fërderen Aktivitéite fir all Geschlecht an all Alter.
Kreativitéit heescht fir eis dat Neit, dat Onbekannt, dat Erausfuedernd mat Begeeschterung unzegoën.
#SUSTAINABLE Mir setzen eis a fir een iwwerluechten Asaz vun de Ressourcen. Innovatioun get Hand an Hand mat Recycling an Upcycling. Technik huet fir eis eng kloer Auswierkung op eis Ëmwelt. Dofir schaffe mir mat Häerz un nohaltege Projetën. Fir d’Natur a fir eis Mënschen.
#SOCIAL: Maker-Projetën sin eng Beräicherung fir eis Gesellschaft. A si sin eng Beräicherung fir d’Maker déi d’Projetën undreiwen an ëmsetzen. Technik huet een Impakt op d’Gesellschaft, dofir motivéiren an ënnerstëtze mir Maker fir dass hier Projetën sënnvoll, verantwortungsvoll a vertrauenswierdeg sin.
Erfarung am pädagogesche Beräich:
Zanter 2020 fuere mir mam MakerBuzz, dem mobile Makerspace, duerch ganz Lëtzebuerg a bidde pädagogësch Atelierën a Workshops un. D’Atelierën sin hei opgelëscht: www.makerbuzz.lu
Am Kader vum MakerBuzz hu mir och schons dräi national Challengen organiséiert, bei deenen och Schoulklassen deelhuele konnten. De Réckbléck op déi 3 éischt Editiounen as hei ze fannen: https://www.makeit.lu/?page_id=3028
Zanter 2018 organiséiren mir national Championnater am Beräich vun der Robotik a gi Jonker aus Lëtzebuerg d’Méiglechkeet op international Championnater deelzehuelen. En Iwwerbléck iwwert déi aktuell Robotik-Aktivitéiten as hei ze fannen: www.lyrc.lu
Modalités financières:
Aktuell sin 2 Workshops aus dem Katalog vum MakerBuzz via de MEGA-Ministère ko-finanzéiert an 2 aner Workshops sin am Kader vum kodeieren.lu schons mam SCRIPT annoncéiert. Eis Fraisën setzen sech zesummen aus de Fraisën fir eis Expertën an aus de Fraisën fir d’Material, well bei all Workshop realiséiren eis Participantën ee klenge konkrete Projet deen si dono an der Schoul oder doheem weider entwéckle kënnen.
Aktuell si mir mat kengem Ministère konventionéiert, déi aner Workshops dofir aktuell nët gratis ugebueden, mee d’Schoulen oder aner Partner, déi eis invitéiren, mussen dat iwwerhuelen.
Plan national d’enseignement:
Eis Workshops vum MakerBuzz decken direkt e puer d’Themefelder vum Enseignement fondamental of. Dëst sin v.a. Domaine 2 (Mathématiques – pensée computationnelle), Domaine 3 (technologies numériques), Domaine 5 (Arts, créativité, making) an Domaine 6 (Vie en commun – égalité des genres, STEAM inclusif).
Eis Workshops sin esou konzipéiert, dass déi 4 transversal Pilierën respektéiert sin:
- Bien-être > Eis Workshops erlaben villfälteg Léisungen, all Jonken huet eng realistesch Chance fir zu engem Resultat ze kommen an een Erfollegerliefnis mat ewech ze droën.
- Participation > Bei all eise Workshops sin déi Jonk agebonnen an d’Entdecke vun der Science, an d’Enwéckle vu perséinlechen a gemeinsame Léisungen.
- Digitalité > Eis STEAM-Workshops baséiren op
- Plurilinguisme > An eise Workshops kann all Schüler matmaachen, onofhängeg vum sproochlechen Niveau. Gläichzäiteg erlaben eiis Workshops den Op- an Ausbau vu ganz nëtzlechem Fach- an Alldagsvokabular.
Am Beräich vum Secondaire erlaben eis Workshops och fir e puer Fächer an Themeberèaicher ofzedecken:
- Informatique / Sciences informatiques: Algorithmique, pensée computationnelle, programmation visuelle et textuelle,…).
- Sciences et technologies: Démarche d’investigation, conception-prototypage, sécurité, énergie/électricité, matériaux, systèmes techniques.
- Physique: Circuits électriques, énergie, optique (couleur/lumière), mouvement, capteurs/mesure.
- Mathématiques: Algorithmique et logique, grandeurs et mesures, données et représentations, modélisation.
- Arts plastiques: Démarches créatives, design, procédés techniques (numériques/analog), analyse et présentation d’œuvres/produits.
- Éducation aux médias: Production et analyse de messages médiatiques, esprit critique, aspects juridiques/éthiques.
- Éducation au développement durable / santé-sécurité: Transversal verankert a Projeten (Materialwiel, Upcycling, Sécherheetsprozeduren).
Souwuel fir de Beräich vum Fondamental wéi vum Secondaire bidden eis Workshops een nëtzlechen Op- an Ausbau vu Resilienz bei Jonken, beim Ugewinnen un de wëssenschaftlechen Usaz an och bei der Stäerkung vum Selbstbewosstsin vum jonken “Apprenant”.
Themeberäicher:
- Digitalitéit, Medien & KI
- Wëssenschaft & Technik
- Orientatioun, Beruffer & Liewensweeër