Sproochen,
Kommunikatioun
& Méisproochegkeet

Langage, communication,
littératies (lecture/écriture/oral),
plurilinguisme et compréhension interculturelle.
Badge Aktualitéitstexter

Aktualitéitstexter analiséieren

Dëse „Sticker“ deckt all Aspekter of, déi mat der Analyse vun Aktualitéits– a Sachtexter ze dinn hunn. E soll op d’Wichtegkeet vun dësen Texter hiweisen an dat kritescht Liese grad wéi d’Iwwerpréiwe vun der Wouerecht vun den Inhalter fërderen.

Badge - Gedanke strukturéieren

Gedanke strukturéieren a kommunizéieren

Dëse „Sticker“ konzentréiert sech op d’Organisatioun an d’Kommunikatioun vun Iddien. E regruppéiert Aktivitéiten, déi bei de Schülerinnen a Schüler, mëndlech, schrëftlech an och sozial Fäegkeeten am Beräich vun der Meenungsäusserung an der Presentatioun vun ënnerschiddlechen Texter fërderen.

Badge Literatur wäertschätzen

Literatur wäertschätzen

Dëse „Sticker“ steet fir Aktivitéiten, déi d’Léift zu Geschichten a Liesen am Allgemenge fërderen an d’Wäertschätzung vu verschiddene Aarte vu literareschen Texter stäerken. 

Badge Méisproochegkeet

Méisproochegkeet an Interkulturalitéit

Dëse „Sticker“ ëmfaasst Aktivitéiten, déi d’individuell Méisproochegkeet oder d’allgemeng Sproochevillfalt an d‘interkulturellt Verständnis betreffen. De Fokus läit dorop, dës Aspekter ze wäertschätzen an ze fërderen.  

Badge Multimodal Projeten

Multimodal Projeten entwéckelen

Dëse „Sticker“ steet fir d’Gestaltung vu multimodale Projeten. E beschreift Usätz,  déi d’Notze vu verschiddene Kommunikatiounskanäl (Medien) fërderen, fir Aktivitéiten oder Informatiounen ze presentéieren oder ze dokumentéieren.