Sproochen,
Kommunikatioun
& Méisproochegkeet

Langage, communication,
littératies (lecture/écriture/oral),
plurilinguisme et compréhension interculturelle.

Am Beräich Sproochen, Kommunikatioun a Méisproochegkeet fënnt ee pedagogesch Offere fir den Asaz a verschiddene Bildungsberäicher. Dës Offere ginn organiséiert vun ënnerschiddlechen Acteuren, déi sech fir d’Bildung engagéieren.

Kanner a Jonk sollen duerch ënnerschiddlech Projete grondleeënd Kompetenzen an de Beräicher Liesen, Schreiwen a Kommunikatioun opbauen, grad wéi Interessi un der sproochlecher a kultureller Vilfalt entwéckelen.

Partner ginn

Als Partner proposéiert Dir Aktivitéiten, déi d’Freed um Liesen, d’Méisproochegkeet, d’Interpretatioun vun Texter an d’kritescht Liesen erméiglechen. Är Offeren encouragéiere respektvoll a beräicherend interkulturell Austauschformen.

Är Offer dréit dozou bäi, de kritesche Geescht vun de Kanner a Jonken ze entwéckelen, besonnesch duerch d’Analys vu Medieninhalter an d’Formuléiere vu begrënnte Meenungen.

Dir proposéiert multimodal Projeten, déi et de Kanner a Jonken erlaben, kreativ an ënnerschiddleche Situatiounen ze kommunizéieren, andeems si verschidde Medien a Kommunikatiounsforme benotzen.

Falls Är Aktivitéiten dëse Critèren entspriechen, invitéiere mir Iech, Är Offer elo anzereechen an aktiv zu dëser edukativer Dynamik bäizedroen.

Du bass Grondschoulbibliothecaire?

Op der LearningSphere vum IFEN besteet e Réseautage tëscht Grondschoulbibliothecairen um «Espace d’échange – Grondschoulbibliothéiken».

Hei kënnen dës Enseignanteën an Enseignanten mat Decharge fir d’Bibliothéik hir Erfarungen deelen an sech iwwer verschidden Theeme ronderëm d’Grondschoulbibliothéik austauschen.

Du bass scho Member? Konnektéier dech via IAM.

Du hues eng Decharge a wëlls Member ginn? Kontaktéier eis.