JURY SCOLAIRE

DE FESTIVAL SICHT:

  • eng Lycéesklass mat Schüler/-innen tëscht 12-15 Joer,
  • vun hirem Léierpersonal begleet.
  • D’Klass ass invitéiert wärend dem Festival an de Kinossäll 5 Filmer (op däitsch an/oder franséisch) ze kucken an z’analyséieren.

De “Prix du Jury scolaire” gëtt op der offizieller Schlusszeremonie am Kinepolis Kierchbierg bekannt gemaach.

JURY ENFANTS

DE FESTIVAL SICHT:

  • eng Schoulklass mat Schüler/-innen tëscht 9-11 Joer,
  • vun hirem Léierpersonal begleet.
  • D’Klass ass invitéiert wärend dem Festival an de Kinossäll 5 Filmer (op däitsch an/oder franséisch) ze kucken an z’analyséieren.

De “Prix du Jury enfants” gëtt op der offizieller Schlusszeremonie am Kinepolis Kierchbierg bekannt gemaach.

Tell Lie Vision

Wat sinn d’Gefore vun der Manipulatioun vun Informatioun? Wéi kënne Medien hire Publikum beaflossen? Den Atelier Tell Lie Vision schafft mat de Schüler.innen un der Medienberichterstattung, andeems als éischt Beispiller vun der Verbreedung vu Desinformatioun analyséiert ginn. Duerno erfannen d’Schüler.innen hir eege Fake-News a produzéieren eng Noriichtesendung, fir déi Aflosstechniken kennenzeléieren, fir hiert Publikum vun der Authentizitéit vun enger Informatioun ze iwwerzeegen. D’Zil vun dësem prakteschen Atelier ass et also, déi Instrumenter an Mechanismen ze entdecken, déi vun de traditionellen (Zeitungen, Fernsehen) an de moderne Medien (Internet, sozial Medien, asw.) benotzt ginn.

Cover Me – Gitt de Cover-Star vun Ärer Zäitschrëft

Hues Du schonn dovu gedreemt, Dech um Cover vun enger Zäitschrëft ze gesinn?

Am Atelier Cover Me kënnen d’Schüler.innen, e Moudeportrait kreéieren, e fiktiivt Interview erfannen, e Coverlayout  gestalten, alles wéi bei engem professionelle Magazin (Mode, Sport, Gaming, asw.). Den Atelier fërdert kreativ a spillerech Aarbecht, a reegt d’Schüler.innen dozou un, iwwer hiert perséinlecht Selbstbild nozedenken.

 

Maach däin eegene Film

An dësem prakteschen Atelier entdecken d’Schüler.innen all d’Aspekter vun engem Filmdréi. Vun der Kameraaarbecht iwwer d’Schauspill bis hin zum Dréibuchschreiwen an dem Tounopnamen, léieren si alles, wat et bei dëser aussergewéinlecher Konschtform ze wësse gëtt.

Ofhängeg vun de Sessiounen an der disponibeler Zäit kënnen d’Klassen entweder eng Rei Zeenen filmen oder hiren eegenen originelle Kuerzfilm produzéieren. De Projet ass op d’Zuel vun de Schüler an hiert Erfaarungsniveau zougeschnidden.

E Kinosbesuch

E Film am Kino erliewen ass eng kollektiv Erfarung.

An Zesummenaarbecht mat der Union luxembourgeoise de la production audiovisuelle (ULPA) bitt de CNA eng Auswiel vu Filmer un, déi zu Lëtzebuerg (co-)produzéiert goufen a fir e jonkt Publikum geduecht sinn. Virféierunge kënne vum pedagogesche Service vum CNA, vu Membere vum Filmteam oder vun Experte vun de jeeweilegen Theemen organiséiert ginn. Presskits an/oder Léiermaterial ginn de Léierkräften zur Verfügung gestallt.

De Filmkatalog kann hei erofgeluede ginn: https://www.cinestarlight.lu/en/info/school-screenings

De Piwitsch: Mini-Redaktioun

D’Mini-Redaktioun ass eng besonnesch Interventioun vun eisem Redaktiounsteam an Ärer Klass. Dobäi kommen d’Schüler a Schülerinnen der Roll vu Journalistinnen a Journaliste ganz no: Si wielen sech en Thema eraus, féieren eege Recherchen duerch an erstellen dono en Artikel, eng Audio- oder Videoreportage. Begleet an ënnerstëtzt ginn si dobäi vun eisem Team.

D’Kanner léieren dobäi net nëmme, wéi Medien entstinn, ma entdecken och d’Villfältegkeet vun der Medielandschaft zu Lëtzebuerg. Déi fäerdeg Beiträg ginn dono am Piwitsch publizéiert.

Service National de la Jeunesse (SNJ) – Erliewen beim SNJ

Sous le slogan « Jonker staark maachen », nos offres pédagogiques offrent aux enfants et aux jeunes la possibilité de vivre des expériences enrichissantes dans divers domaines. Dans le cadre de nos programmes, nous adoptons des méthodes d’apprentissage non formelles, adaptées aux besoins et aux intérêts des différents groupes cibles. Ces approches favorisent l’autonomie, la participation active et l’apprentissage par l’expérience. Le lien entre l’expérience et la vie quotidienne des participants est au coeur de notre démarche.
Nous encourageons une réflexion sur les apprentissages vécus et leur application dans la réalité de chacun. Toutes nos activités sont encadrées par des animateurs spécialisés, des enseignants déchargés et d’autres experts, garantissant un accompagnement de qualité et un environnement sécurisé. Nous mettons également l’accent sur l’inclusion et l’accessibilité, afin que chaque enfant et jeune puisse pleinement bénéficier de nos offres. Enfin, nous nous engageons à offrir des expériences variées, stimulantes et adaptées aux défis actuels, pour aider les jeunes à développer des compétences
essentielles et à s’épanouir dans leur parcours personnel et social.

BEE SECURE

BEE SECURE est une initiative gouvernementale du Grand-Duché de Luxembourg coordonné par le SNJ. L’implication gouvernementale est assurée par le ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse et du ministère de l’Économie.

En tant que Safer Internet Centre du Luxembourg, BEE SECURE bénéficie d’un cofinancement de la Commission européenne. BEE SECURE fait également partie des réseaux européens Insafe (centres de sensibilisation) et INHOPE (centres de signalement pour contenus illégaux).

BEE SECURE vise à sensibiliser à une utilisation plus sûre et responsable des technologies numériques, et à renforcer en particulier les enfants, les jeunes et leur entourage (parents, personnel enseignant et éducatif etc.) à l’aide d’offres ciblées.

youth4planet Luxembourg a.s.b.l.

Youth4planet inspiréiert jonk Leit dozou, kreativ zur nohalteger Entwécklung vun der Wirtschaft an der Gesellschaft bäizedroen. Andeems si sech mat de Ziler fir nohalteg Entwécklung beschäftegen an Erzieltechniken notzen, léieren si, digital Apparater (Smartphones, Computeren, Tabletten) ze benotzen, fir hir Iddien zum Liewen ze bréngen. Si presentéieren hir Resultater dem Public an der Form vu kuerze Filmgeschichten, Installatiounen oder Ausstellungen, an encouragéieren domat Debatten an Aktiounen. 4P-Prozesser fërderen nohalteg Aktioun an Medienkompetenz bei jonke Leit, ginn hiren Suergen ‘eng Stëmm’, entwéckelen hir kollaborativ a kreativ Fäegkeeten am Beräich vum Klima- a Ressourcenschutz an nohaltege Liewensstiler weider, a verbannen Entscheedungsträger a wichteg Akteuren am Beräich vun der ESD.