Zentrum fir politesch Bildung
Mir sinn eng onofhängeg Stëftung. Eis Missioun ass et, d‘Engagement vun de Bierger:innen ze stäerken, andeems mir Kanner, Jonken an Erwuessenen d’Demokratie an aktuell gesellschaftlech Erausfuerderunge mi nobréngen.
Aktivitéitsberäicher
Demokratie léieren
- Sensibiliséierung fir politesch a gesellschaftlech Themen.
- Léiermaterial, Atelieren an Aktivitéiten.
- Formatioune fir Leit aus dem Educatiounsberäich an de Grand–Public.
- Visitte bei demokratesch Institutiounen, wéi z.B. d‘Chamber, d‘Cité judiciaire a Cinqfontaines.
- Ausstellungen an Evenementer iwwer Themen am Zesummenhang mat der Demokratie.
Demokratie erliewen
- Fërderung vu Biergerbedeelegung op allen Niveauen.
- Bereetstellung vu Ressourcen, déi et Kanner a Jonken erlaben, sech am demokratesche Liewen an de Plazen, déi si besichen, anzebréngen, zum Beispill an de Schoulen, de Gemengen, der Maison Relais, de Jugendhaiser, de Veräiner.
- Sensibiliséierung fir politescht Liewe bei Kanner, Jonken an Erwuessene stäerken.
- Ënnerstëtzung vu formellen, non–formelle Bildungsstrukturen, Veräiner a Gemenge beim Opbau oder der Stäerkung vun demokrateschen a partizipative Strukturen.