Zënter iwwer 10 Joer ginn ech op Ufro Workshops a Seminaire iwwert Ernärungsformen vum Veganismus, iwwert Vegetarismus bis zum Flexitarismus, fir de Secondaire a Jugendorganisatiounen (och mol fir Naturschutzsyndikater/Gemengen)
Am Ufank nach fir d’Vegan Society Luxembourg aktiv, hunn ech mech fir en ideologiefräie Kader entscheed a mech op e Blog an d’Participatioun an der Transitiounsbeweegung limitéiert.
D’Sensibiliséierung fokusséiert sech op Ëmwelt- a Klimaschutz, nohaltege Konsum sou wéi d’Nord-Süd Problematik. Exclus sinn Themen aus dem Beräich Gesondheet a Fitness.
Ech limitéiere mech op meng Kompetenzen beruflech a paraberuflech Kompetenzen (vu Beruff Ëmweltberoder, a verschidden Aarbechtsgruppen fir Lycéeën an nONGs aktiv) an éierenamtlech Grënnungsmember vum Ernierungsrot Lëtzebuerg).
Bis elo ware meng Workshops just am CITIM senger “Offre pédagogique” (Foto) offréiert ginn, wat am Kader vun enger Bildung fir eng nohalteg Entwécklung gepasst huet.

  • Adress
    veginfo@pt.lu
  • Typ vun der Entitéit
    Einzelperson (zënter >10 Joer op Aluedung a verschidde Lyceeën aktiv)