Ech sinn de Stephan a viru véier Joer hunn ech mat Ortea meng eege Gedrénksmark gestart – well mir de séissen an industriellen Iced-Tea iergendwann net méi zougesot huet. Iced-Tea war schonn ëmmer mäi Liblingsgedrénks, dofir wollt ech en sou maachen, wéi ech e selwer drénke géif: manner séiss, éierleche Goût a lokal produzéiert. Zanter der Grënnung hunn ech net nëmme vill geléiert, mä och gemierkt, wéi gär ech Entrepreneur sinn. Schonn an der Schoul war mir kloer, datt ech mäin eegene Wee wëll goen, an trotz allen Erausfuerderungen huet sech dat bestätegt. Haut wéilt ech genau dat weiderginn an anerer encouragéieren, selwer eppes an d’Hand ze huele fir hir Beruffung ze fannen.