De Nationale Musée fir Resistenz a Mënscherechter (Musée National de la Résistance et des Droits Humains, MNRDH), deen 1956 gegrënnt gouf, ass eng lieweg an interaktiv Institutioun zu Esch-Uelzecht. Et ass eng Plaz vum Erënneren an der Bildung, vun der Weidervermëttlung an dem Gedenken.

De MNRDH ass deen eenzege Musée zu Lëtzebuerg, deen déi ganz Geschicht vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg behandelt. Fir d’éischt ginn déi nationalsozialistesch Strukturen an Organisatioune presentéiert. Duerno läit de Schwéierpunkt op de Konsequenze vun der Diktatur fir d’Bevëlkerung, op de Reaktiounen op dës schwiereg Situatioun an op den Handlungen, déi doraus entstane sinn – ënner anerem d’Kollaboratioun an d’Resistenz. Déi permanent Ausstellung gëtt duerch eng Sektioun iwwer déi nationalsozialistesch Repressioun, d’Konzentratiounslager, d’Shoah, d’Nokrichszäit an d’Erënnerung ergänzt. D’Resistenz, e villfältegt a komplext Thema, zitt sech wéi e roude Fuedem duerch d’Ausstellung. Allgemeng Froen zum Begrëff „Resistenz“ an zu de Mënscherechter schafen d’Verbindung mat der Aktualitéit.

D’Zil vum Musée ass et net nëmmen, d’Lektioune vun der Geschicht un déi zukünfteg Generatiounen weiderzeginn, mee si och fir déi aktuell Konflikter an Ongerechtegkeeten ze sensibiliséieren, fir dat néidegt Bewosstsinn ze schafen, dat fir de Kampf géint d’Gläichgültegkeet onverzichtbar ass.

  • Adress
    Place de la Résistance
    L-4041 Esch-sur-Alzette
  • Typ vun der Entitéit
    Fondation
  • Websäit

Stickers