D’Minett-Regioun am Süde vum Lëtzebuerg ass zanter 2020 dat éischt UNESCO-Biosphärereservat vum Land. D’Minett UNESCO Biosphere setzt sech a fir den Erhalt vun der Biodiversitéit an déi nohalteg Entwécklung duerch Biergerbedeelegung, Bildung a Fuerschung. Et erstreckt sech op méi wéi 200 km². Dës Géigend verbënnt en aussergewéinlechen natierleche Räichtum, eng Biodiversitéit, déi nom Enn vum Minett-Dagebau neess entstanen ass, e schützenswäerten historesche Patrimoine an eng modern urbanistesch Entwécklung, déi duerch de permanente Wuesstem vun der Populatioun néideg ass.

Stickers