« MateriaTéik » ass en edukative Konschtprojet deen industriellen an ausrangéierte Saachen eent zweet Liewe bitt.
Mir bidden kreativ Workshoppen un, déi fir all Public zougänglech sinn : Grondschoulkanner, Maisons- relaiskanner, Lycéeschüler, Jugendlecher a Senioren.

Eis Missioun? Fir d’Ëmwelt sensibiliséieren, d’Kreativitéit fërderen an e neie Wert schafe fir Saachen, déi nët méi gebraucht ginn.

Mir stellen Iech eise gutt équipéierten zentrale Raum (eisen Atelier), adaptéiert Handwierksgeschier, propper geraumte Materialien esouwéi eng Hellewull vun Iddien zur Verfügung.
Kommt kréieren, léieren an transforméieren.

  • Adress
    Scheerbichgaass 10 9960 Hoffelt
  • Typ vun der Entitéit
    Leader Projet
  • Websäit