Liesfërderung (SCRIPT)
Liesfërderung (SCRIPT) plangt a setzt Projeten ëm, déi sech mat Liesfërderung an de Grondschoulen an de Lycéeë befaassen. Bäi dësen Initiative geet et drëm d’Schülerinnen an d’Schüler fir d’Liesen ze begeeschteren, andeems d’Buch an de Mëttelpunkt gesat gëtt.
D’Projete ginn et a verschidde Formen : Liesconcours, thematesch Aktivitéite ronderëm d’Buch an Aktiounen déi d’Méisproochegkeet fërderen. De SCRIPT begleet d’Schoulen déi matmaachen duerch all d’Etappen a koordinéiert d’Projeten. Fir verschidde Projete stellt en zousätzlech passend Bicherlëschten zur Verfügung grad wéi didaktescht Material.