D’Zil vum Projet „Landwirtschaft erliewen” ass et, Schoulen a Bauerenhäff zesummenzebréngen. D’Schoulkanner kréien d’Méiglechkeet, de Beruff vum Bauer aus éischter Hand kennen ze léieren an alles iwwer d’Liewensmëttelproduktioun an der Regioun an iwwer d’Haltung vun Notzdéiere gewuer ze ginn.

De Projet riicht sech u Schoulklassen aus de Cyclen 3 a 4 vun der Grondschoul an u Maison-relaisen. Eng Erweiderung op aner Cyclen ass mëttelfristeg geplangt.

Firwat e Besuch op engem Bauerenhaff?

De Bauerenhaff bitt nohaltegt Léieren an Erliewe mat alle Sënner. Erméiglecht Äre Schülerinnen a Schüler den direkte Kontakt mat der Welt vun der Landwirtschaft a weist hinnen, wou eis Liewensmëttel hierkommen.

De Bauerenhaff ass déi ideal Plaz, op där Schoulkanner praktesch, konkreet an eenzegaarteg Erfarunge maachen a sech nei Fäegkeeten uneegne kënnen. Genee dofir ass de Motto vun eisem Projet: „Landwirtschaft erliewen“.

Well d’Bauere vill Zäit an Äre Besuch investéieren an iwwerdeems d’Aarbecht um Haff leie bleift, kréie si pro Besuch eng Indemnitéit accordéiert. Dës Indemnitéit am Kader vum Projet „Landwirtschaft erliewen” gëtt vum Landwirtschaftsministère iwwerholl. Fir d’Schoulklass ass de Besuch deemno gratis.

  • Adress
    1, rue de la Congrégation
    L-1352 Luxembourg
  • Typ vun der Entitéit
    Ministère
  • Websäit

Stickers