Stressbewältigung und Prüfungsangst – Strategien für den Umgang mit hohem Druck
-
Cycle/Klass/AlterskategorieClasses inférieures, Cycle 4
-
SproochenLU
Ech si Life Coach fir Leit, déi mat Stress, Drock an ze ville Gedanken ze kämpfen hunn.
Iwwer 20 Joer laang hunn ech als Léierin geschafft, dovunner 5 Joer am Beräich I-EBS. An där Zäit hunn ech vill Kanner a Jugendlecher begleet an erlieft, wéi vill Drock, Stress an Onsécherheeten de Schoulalldag mat sech brénge kann.
No dëser Zäit hunn ech decidéiert, en neie Wee anzeschloen, an eng Ausbildung zum Life Coach gemaach.
Haut begleeden ech Kanner a Jugendlecher ab 11 Joer – an Erwuessener dobäi, besser mat Stress an Drock ëmzegoen, hiert Selbstvertrauen ze stäerken, hir eege Grenzen ze erkennen an ze setzen a méi Rou a Liichtegkeet an hiren Alldag ze bréngen. Dobäi beschäftegen ech mech och mat Themen ewéi Iwwerlaaschtung a Burnout-Präventioun.
A menge Workshops fir Schoulklassen beschäftegen ech mech virun allem mat den Themen Selbstvertrauen, Stress a Prüfungsangscht. Och d’Erkennen an d’Setze vun eegene Grenzen an d’Fäegkeet, Nee ze soen, spillen dobäi eng wichteg Roll.
Dobäi ass et mir wichteg, datt d’Schüler net nëmmen eppes iwwer dës Themen léieren, mee och praktesch Übungen a Methoden entdecken, déi si an hirem Alldag uwende kënnen.