Info-Handicap – Conseil national des personnes handicapées ass d’zentral Ulafstell an de nationale Rot fir Mënsche mat Beanträchtegungen.

Zënter 1993 vertrëtt Info-Handicap d’Rechter vu Mënsche mat Beanträchtegungen op nationalem an internationalem Niveau a bréngt dës Mënschen duerch seng 65 Memberorganisatiounen zesummen.

Eisen nationalen Informatiouns- a Begéinungszenter fir Mënsche mat Beanträchtegunge bitt Informatiounen a Berodung, mécht Projeten am Beräich vun der Accessibilitéit , bitt Weiderbildungen un a setzt Sensibiliséierungsaktiounen ëm.

Eise Motto ass ‘Näischt iwwer eis ouni eis!’. Mënsche mat Beanträchtegunge sinn aktiv an eis Aktivitéiten a Projeten involvéiert. Eist Zil ass eng inklusiv Gesellschaft, déi keen zeréck léisst.

Jidderee kann Info-Handicap kontaktéieren! Mënsche mat a ouni Beanträchtegungen, souwéi Familljememberen, Frënn a Ënnerstëtzer, Patronen, Professioneller an all aner interesséiert Persounen.