Graffiti, d’Jugendsendungen um Radio ARA ass e Radiosprogramm, dee vu Méindes bis Freides tëscht 14 a 17 Auer op de Frequenzen 105.2, 102.9 a 87.8 leeft. Hei ka jiddereen tëscht 12 a 26 Joer hannert dem Mikro stoen.

Et ass ganz einfach: Graffiti gëtt mat enger Iddi kontaktéiert an doropshi gëss du an de Studio invitéiert. D’Graffiti-Mataarbechter:inne weisen dann am Detail, wéi Contenu virbereet, opgeholl, technesch verschafft, an / oder live diffuséiert gëtt.

Den eegene Podcast, d’Sendung a weider Iddie kënnen hei ganz no Loscht a Laun um Radio lafen. D’Zäitofstänn an deenen nei Episoden erauskommen, hänke vun de perséinlechen Disponibilitéiten of. Esou ka Schoul oder Aarbecht ouni Stress mam Radio kombinéiert ginn.