Fro de Bauer ass eng Initiative vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b., déi et sech zum Ziel gemaach hunn, d‘Lëtzebuerger Gesellschaft iwwert déi modern Landwirtschaft ze informéieren.  Membere vum Aarbechtsgrupp si jonk Baueren, déi sech an hierer Fréizäit angagéieren. Sie gesinn d‘Ëffentlechkeetsaarbecht als eng vun de wichtegsten Aufgaben, déi Landwirtschaft an der haiteger Gesellschaft maache muss.

Fir Sensibiliséierung an de Primaireschoule, virun allem am Cycle 4 goufe verschidde Fachleit agestallt. Déi sollen de Kanner d‘Landwirtschaft méi no bréngen. Et gi verschidden Theme wéi zum Beispill d‘Uebst a Geméisproduktioun, den Akerbau, Mëllechproduktioun a Fleeschproduktioun behandelt. Besonnesch wichteg ass et de Kanner ze erkläre, wat regional a saisonal Produkter sinn. Dëse Projet zitt sech iwwert e ganzt Schouljoer a gesäit zweemool d’Joer ee Besuch vun engem Mataarbechter vu Fro de Bauer an da Schoul vir. Am leschten Trimester besteet zudeem Méiglechkeet fir ee Besuch op engem lokale landwirtschaftleche Betrib zemaachen.

 

  • Adress
    5, avenue Marie-Thérèse
    L-2132 Luxembourg
  • Typ vun der Entitéit
    Arbeitsgruppe der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren A.s.b.l.
  • Nëtzlech Links

Stickers