Eurosolar Lëtzebuerg
D’Haaptzil vun Eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l. ass de komplette Ersatz vu fossillen an atomaren Energien duerch erneierbar Energien. Dofir iwwerhëlt Eurosolar verschidde Rôlen:
- Eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l. iwwerhëlt de Rôle vun enger nationaler Vereenegung fir d’Fërderung vun erneierbaren Energien.
- Eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l. gesäit seng Aufgaben besonnesch an der Fërderung vun der Informatiouns-, Bildungs- an Ëffentlechkeetsaarbecht. Dëst maache mir duerch:
- d’Organiséiere vu Kongresser, Workshops (Solar@School), Seminären an Ausstellungen;
- d’Organiséiere vu fachbezunnenen Aarbechtskreesser;
- d’Publikatioun vun Informatiounsmaterial (iwwert eise Site, sozial Medien, Podcasts a Videoreportagen).
- Eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l. bitt jiddwerengem d’Méiglechkeet, duerch eng perséinlech Memberschaft eppes zu der Energietransitioun bäizedroen an esou och un enger soziokultureller Beweegung fir d’Sonnenenergie matzewierken.
- Eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l. gesäit an enger solarer Energieversuergung eng zentral Viraussetzung fir d’Erhale vun de Liewensgrondlage vun der Mënschheet an enger nohalteger Wirtschaft. Et ass d’Verantwortung vun den industrialiséierte Gesellschaften, dat solart Energiezäitalter anzeleeden an domadder och e wichtege Bäitrag fir de friddlechen Ausgläich tëscht Nord a Süd ze leeschten.
- Eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l. ass eng Sektioun vun Eurosolar e.V. (Europäesch Vereenegung fir Erneierbar Energien / www.eurosolar.org).