D’Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois (ACEL) ass den Daachverband vun de Lëtzebuerger Studentecerclen a vertrëtt Student:innen zu Lëtzebuerg an d’Lëtzebuerger Student:innen am Ausland. Zu den Haaptaufgabe vun der ACEL gehéiert et d’Schüler:innen an d’Student:innen aus dem Land iwwer déi verschidde Studiegäng ze informéieren, se reegelméisseg zesummenzebréngen a se duerch e permanente Kontakt mat deene verschiddene Ministèren, ze representéieren.
Aus engem Grapp voll engagéierte Student:innen, déi 1984 decidéiert hu, sech zesummen ze doen, fir besser gehéiert ze ginn, ass eng Associatioun ginn, déi net méi aus dem Lëtzebuerger Studentemilieu ewech ze denken ass.
Haut vertrëtt d’ACEL iwwer 45 Studentecerclen, déi duerch d’ganz Welt verdeelt sinn. Et fënnt ee se an Däitschland, a Frankräich, an der Belsch, zu Lëtzebuerg, an Éisträich, an der Schwäiz, a Groussbritannien, an Holland, an Irland an a Portugal. Dës Cerclen empfänken d’Lëtzebuerger Student:innen wärend hirer Studienzäit an hirer Studentestad a ginn de Student:innen d’Méiglechkeet, u flotten Eventer deelzehuelen.
Dernieft ginn et nach déi fachspezifesch Cerclen. Dozou gehéieren d’Medezins-, d’Ekonomies-, d’Droits-, d’Psychologies-, d’Archivistik/Bibliothekär-, d’Ingenieurs-, d’Historiks-, d’Sport-, d’Politikwëssenschafts-, d’Pedagogik- an d’Infirmiersstudent:innen.
Domat vertrëtt d’ACEL iwwer 10.000 Student:innen, wat si zum gréissten a wichtegste Studentevertrieder zu Lëtzebuerg mécht.

Stickers