Woch vun der Demokratie 2026

Vum 26. bis den 30. Oktober 2026 fënnt d’Woch vun der Demokratie fir déi 5. Editioun an de Grondschoulen, de Lycéeën an den Maison Relaisen statt.

D’Woch steet am Zeeche vun der aktiver Participatioun vu Kanner a Jonken, souwuel am Kader vun der formeller wéi och vun der non-formaler Bildung. Si soll dozou bäidroen, eng nohalteg demokratesch Kultur ze fërderen, andeems Kanner a Jonker Raum kréien, fir hir Iddien ze deelen an ze erliewen, datt hir Stëmm wierklech dozou bäidroe kann, hiert Ëmfeld matzegestalten.

Si dréit och dozou bäi, déi demokratesch Wäerter an de Fokus ze stellen an eng aktiv Biergerschaft ze fërderen. Matschwätzen, debattéieren, zesummenzeschaffen, sech an der Gesellschaft engagéieren, vuneneen an zesumme mat Erwuessenen léieren: Dat alles si Geleeënheeten, d’Demokratie am Alldag ze liewen.

D’Editioun 2026 ass d’Resultat vun enger kollektiver an demokratescher Organisatioun tëscht verschiddenen Acteuren, déi sech fir eng méi partizipativ an engagéiert Gesellschaft asetzen.

D’Woch gëtt vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an Zesummenaarbecht mam CePAS, dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), der CNEL,  dem Jugendrot an dem Kannermusée PLOMM organiséiert.

 

Historesche Réckbléck

D’Woch vun der Demokratie gouf 2021 an Zesummenaarbecht mat e puer Pilot-Lycéeën an d’Liewe geruff. 2022 gouf si op all d’Schülerinnen a Schüler aus dem Secondaire ausgebaut. Zënter 2024 riicht si sech och un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Fondamental souwéi un de Secteur vun der non-formaler Bildung.

An deene leschte fënnef Joer huet sech d’Woch zu engem järleche Rendez-vous entwéckelt, deen den Acteuren aus der formaler a non-formaler Bildung d’Geleeënheet gëtt, bestoend Initiativen ze valoriséieren an nei Forme vu Participatioun z’ënnerstëtzen.

D’Highlights 2026, déi dir net verpasse sollt :

D’Editioun 2026 setzt e besonnesche Schwéierpunkt op d’Participatioun vu Kanner a Jonken. An de Lycéeë wäerten d’Wale vun de Schülercomitéen ee vun den Héichpunkter vun der Woch sinn.

 

Verpasst dofir op kee Fall dës Datumer :

 

22.Oktober : Konferenz « Quand les idées prennent forme »

E Konferenzowend mat Dialog an Austausch iwwert d’Co-Créatioun mat Kanner, ronderëm eng zentral Fro: Wéi kënne mir d’Bedeelegung vun de Kanner an eise Praktike stäerken?

Vun 18.00 bis 20.30 Auer – Kannermusée Plomm

Méi Informatiounen: plomm.lu

 

26. Oktober : Journée d’ouverture vun der Woch vun der Demokratie fir d’Lycéeen « Et si votre communauté scolaire était la réponse au harcèlement ? »

Organiséiert vum CePAS ronderëm dem Thema Mobbing an der Schoul, fänkt dësen Dag Moies mat enger Konferenz vum Psycholog Éric Verdier un, deen Hiweiser gëtt, fir Warnsignaler besser ze erkennen a fréi ze handelen. Nomëttes kënnen d’Enseignanten an dat psycho-soziaalt Personal vum Secondaire bei partizipativen Ateliere konkret Léisungsvirschléi austesten a sech iwwert d’Handlungsméiglechkeeten austauschen, déi ënnerhalb vun der Schoulcommunautéit méiglech sinn.

Vun 9.00 bis 12.00 Auer a vun 13.00 bis 16.30 Auer – Kinepolis Kirchberg

Méi Informatiounen: cepas.lu

 

27.Oktober : Konferenz a Workshops « Meng Stëmm – Mäin Impakt »

Fir déi drëtte Kéier organiséiert de Ministère zesumme mam ZpB an dem Kannermusée Plomm Worshops an eng Konferenz  zum Theema Participatioun verknäppen . d’Liewensräim vum Kand matenee verbanne. Mëttes ginn Ateliere fir Enseignanten an dat sozio-edukatiivt Personal organiséiert. Uschléissend fënnt eng Table ronde statt, déi fir de Grand public op ass, mat Vertrieder aus der Bildung an de Gemengen.

Vun 14.00 bis 17.00 Auer, duerno vu 17.30 bis 19.00 Auer – Chalet Géisserei

Méi Informatiounen an Umeldung: edulink.lu/26j6

 

Fënnef Joer schonn! Eng flott Geleeënheet, d’Demokratie am Alldag weider ze liewen – mat a fir déi Jonk.

Wat ass d'Schwaarz Briet?

D’Schwaarzt Briet ass eng zentral Platz fir kuerzfristeg Informatiounen vun eisen Extraklass-Partner ze fannen a gewuer ze ginn. Nieft de ville pädagogeschen Offeren, déi um Extraklass verfügbar sinn, fannt Dir um Schwaarze Briet aktuell Ausschreiwungen an Disponibilitéiten/Ännerungen zu Evenementer an Aktivitéiten, déi an de kommende Woche stattfannen. Sou bleift Dir ëmmer um Lafenden iwwer kuerzfristeg Méiglechkeete fir Aktivitéite mat Ärer Klass oder Ärem Grupp ze maachen.

 

Besonnesch fir Extraklass-Partner bitt d’Schwaarzt Briet eng praktesch Méiglechkeet, fir hir eegen Informatiounen a kuerzer Zäit mat de Professionellen aus der nationaler Educatioun ze deelen. Am perséinleche Login-Beräich kënnen d’Partner selwer Ausschreiwunge kreéieren an esou op fräi Plazen, Projeten oder Eventer opmierksam maachen. Publizéiert kënne virun allem Aktivitéiten an Evenementer ginn, déi an de kommende véier Woche stattfannen, fir sécherzestellen, datt d’Informatiounen aktuell a relevant bleiwen.

 

Mam Schwaarze Briet gëtt d’Vernetzung tëscht de Partner an den Acteuren aus der nationaler Bildung méi einfach. D’Schwaarz Briet erméiglecht et, aktuell Ausschreiwungen méi visibel ze maachen an d’Informatioune schnell un interesséiert Persoune weiderzeginn.