Wëllkomm op
Extraklass

Déi nei Plattform fir d' Bildung zu Lëtzebuerg!
  • 131+
    Aktiv Partner
  • 302+
    Offeren online
  • 9
    Themeberäicher
  • 100%
    Iwwerpréift

Wëllkomm op Extraklass

Mat Extraklass gëtt Är Sich no pedagogeschen Zousazaktivitéiten an Zukunft nach méi einfach. Als national Plattform fir pedagogesch Offeren zu Lëtzebuerg verbënnt Extraklass Grondschoulen, Lycéeën an Acteuren aus der non-formaler Bildung mat Partneren aus der ganzer Gesellschaft. D’Plattform bréngt qualitativ héichwäerteg Offeren op enger Plaz zesummen a mécht domat d’Sich no der passender Offer méi einfach wéi jee. Dir kënnt dës Offeren direkt iwwer Extraklass buchen.

An néng Theemeberäicher mat villen Ënnertheeme fannt Dir eng breet Auswiel vun Aktivitéiten, déi Kanner a Jonker an der Entwécklung vun hire Kompetenze fërderen a gläichzäiteg un d’Prioritéite vun den nationale Léierpläng an dem Cadre de référence national uschléissen. Egal ob Dir am grousse Katalog no Inspiratioun sicht oder geziilt an engem spezifesche Beräich recherchéiert: Extraklass hëlleft Iech, séier déi richteg Aktivitéit fir Är Klass oder Äre Grupp ze fannen.

Doriwwer eraus bréngt d’Plattform Offere vun etabléierten thematesche Plattformen zesummen, zum Beispill Kulturama, Entrepreneurship, Beweegung.lu, liesen.lu, bne.lu, kodeieren.lu, Level Up an eduAct. Esou hutt Dir op enger eenzeger Plaz Zougang zu enger nach méi grousser Panoplie vu pedagogeschen Offeren, déi Dir mat Vertraue buche kënnt.

D’Partner, déi op Extraklass presentéiert ginn, goufen no de Krittäre vun Extraklass ausgewielt, déi sech besonnesch op d’Neutralitéit vum Inhalt, d’Verbindung zu de nationale Léierpläng an dem nationale Referenzkader, souwéi op d’Ufuerderungen, déi allgemeng op d’Offeren zoutreffen, konzentréieren. Dëse Validatiounsprozess bitt e Kader vum Vertraue fir Aktivitéiten ze entdecken an auszewielen.

D’Wiel vun enger Aktivitéit an hir Integratioun an Äre Cours bleift Är Verantwortung. Ier Dir eng Buchung maacht, ass et Är Verantwortung ze garantéieren, datt d’Aktivitéit mat Äre Léierziler, dem Kontext vun Ärer Klass oder Ärem Grupp an dem Alter, de Besoinen an dem Wësse vun de Kanner a Jonken, déi deelhuelen, iwwereneestëmmt. D’Informatiounen, déi an all Offere geliwwert ginn, an, wou néideg, eng Diskussioun mam Partner, erlaben Iech eng informéiert Wiel ze treffen. Eng Validatioun duerch de SCRIPT ersetzt dës pädagogesch Bewäertung net.

Mam zentrale System fir ze buchen an Ärem perséinleche Benotzerkont gëtt d’Organisatioun vereinfacht. Offeren entdecken, reservéieren a verwalten – all dat geschitt op enger eenzeger Plattform, transparent an einfach. Esou sidd Dir sécher, datt Dir keng interessant Offer verpasst, an Dir spuert Zäit.

Nieft de ville pedagogeschen Offere fannt Dir um Schwaarze Briet aktuell Ausschreiwungen, Opruffer an Evenementer fir déi nächst Wochen. Op déi Manéier bleift Dir ëmmer um Lafenden an entdeckt nei Opportunitéiten, déi Är Aarbecht mat Kanner a Jonke kënne beräicheren.

Bleift ëmmer informéiert: Abonnéiert den Extraklass-Newsletter a bleift direkt per E-Mail informéiert iwwer nei Offeren, Partneren an Ausschreiwungen um Schwaarze Briet.

Fannen. Buchen. Kommunizéieren. Alles op Extraklass.

Wëllt Dir Deel vun dëser neier nationaler Plattform fir d’Bildung ginn?

Mellt Iech elo iwwer de Formulaire, fir Partner ze ginn!