Landwirtschaft erliewen – Besuch um Bauerenhaff
-
Cycle/Klass/AlterskategorieCycle 3, Cycle 4
-
SproochenLU, FR, DE, EN
You(th) Start Challenges si kleng a gréisser entrepreneurial Erausfuerderungen an e wichtegt Element am Projet vun de Sustainable Entrepreneurial Schools. Si verstinn d’Léieren als ganzheetleche Prozess a kënne fächeriwwergräifend agesat ginn. Duerch d’Participatioun un de Challengë gëtt den entrepreneurial mindset an den nohaltegen a soziale Gedanke gestäerkt an d’Kooperatioun tëscht deene Jonke gefuerdert.
D’Challengë sinn Aktivitéiten, déi den Enseignanten zur Verfügung stinn, fir se direkt am Cours ëmzesetzen.
Fir all Alterstranche si Challengen dobäi:
Duerch verschidden Aufgabe gëtt d‘Eegeninitiativ, d’Motivatioun, d’Innovatiounsfäegkeet an d’Selbstvertraue gestäerkt an Theeme wéi Nohaltegkeet an d’Implicatioun an der Gesellschaft ofgedeckt.
D’Challengë sinn a 6 verschiddene Sproochen accessibel a kënnen ënnert www.youthstart.eu erofgeluede ginn.