“Betti a Litti spille mam Dreck”-Spektakel zielt d’Geschicht vum Litti, dee guer net op seng Ëmwelt oppasst a säin Offall egal wouhi gehäit. Mat Hëllef vu senger Nopesch, dem Betti, léiert hie lues a lues wéi een nees am Aklang mat der Natur lieft, wat een alles aus Offall maache kann, respektiv wéi e säin Offall ka vermeiden. Op sengem Wee léiert de Litti wéi een den Offall richteg trennt, wou een e soll hibréngen, a wat dann aus deenen eenzelen Offäll ka gemaach ginn. 

De Spektakel fënnt virun enger Video-Leinwand statt, op där een duerch animéiert Biller aus dem Buch (Mäin éischt Null Offall Buch) an d’Welt vum Betti a Litti andaucht. Dëst ass eng flott Manéier, fir dem jonke Publikum déi pedagogesch Inhalter aus dem Buch méi zougänglech ze maachen.

Dëse Spektakel ass speziell op Schoulklassen aus dem Fondamental zougeschnidden (Cycle 2 & 3). D’Stéck gëtt vun enger Schauspillerin animéiert, déi an Interaktioun mat de Kanner duerch d’Geschicht féiert an si op spilleresch Aart a Weis mam Thema vun der Offallvermeidung vertraut mécht. 

En Extrait vum Stéck fannt Dir hei:

https://www.youtube.com/watch?v=vPSll6yknn4

(Betti a Litti spille mam Dreck – Ëmweltberodung)

 

Virum Buchen
Dës Offer gouf vum SCRIPT op d'Extraklass-Krittären iwwerpréift. Et ass Är Verantwortung als Léierpersoun oder Acteur aus dem SEA sécherzestellen, datt dës Offer fir Är Klass oder Äre Grupp gëeegent ass. Suergt wgl. dofir, datt d'Offer mat Ären Ziler an de Besoine vun de Kanner a Jonken, déi dobäi sinn, iwwereneestëmmt.

Plan d'études & Cadre de référence national

Respect de l’environnement

Écologie, ressources, consommation responsable

Dokumenter eroflueden

  • Zilgrupp(en)
    Enseignement Fondamental
  • Themeberäicher
    Natur, Landwirtschaft & nohaltege Konsum
  • Format
    Projektioun, Schauspill
  • Sproochen
    LU
  • Regioun
    Zentrum, Süden, Osten, Westen, Norden
  • Maximum u Participanten
    25
  • Payant
    Jo
  • Plaz vun der Offer
    Schoulgebai
  • Frequenz vun der Offer
    Eemoleg
  • Stickers
D'Texter sinn deelweis mat KI iwwersat. Dës Iwwersetzunge leien an der Verantwortung vum Partner.