Atelier pédagogique
-
Cycle/Klass/AlterskategorieSEA-S, Cycle 2, Cycle 3, Cycle 4
-
SproochenFR
Denkt drun, datt et sech bei dësem Theema fir Kanner a Jonker an Ärer Klass oder an Ärem Grupp ëm sensibele Contenu kann handelen.
Renseignéiert Iech wgl., wéi eng Schutzmoossnamen an Opfangstrukturen et gëtt.
De WibS-Projet bréngt vill Beweegung, Spaass an nei Iddien an är Schoul.
Mir komme 4 Deeg moies an d’Schoul a bidden zesumme mam Enseignant follgend Aktivitéiten un:WibS-BIKE (C1)
Eng Stonn voller Beweegung a Spaass an der Turnhal. Mat de Lafrieder léieren d’Kanner sech ze beweegen, d’Gläichgewiicht ze fannen an hir Koordinatioun ze verbesseren.
WibS-CHECK (C2-4)
Eng Batterie vu spillereschen Tester, déi weisen, wéi fit d’Kanner am Moment sinn. Hei gi motoresch Basiskompetenzen gekuckt – wéi Ausdauer, Gläichgewiicht, Koordinatioun, Schnellegkeet, Ballgeschéck oder Sprongkraft – mee och d’Kooperatioun an der Klass. D’Resultater ginn dem Enseignant eng kloer a praktesch Réckmeldung, fir d’Entwécklung vun de Kanner besser ze begleeden.
WibS-BOOSTER (fir d’ganz Schoul)
Wärend dem Projet kritt déi ganz Schoul e Beweegungs-Booster zur Verfügung gestallt: eng Sammlung vu villfältege Beweegungsiddien, Material fir sech ze beweegen a Beweegungschallengen, déi d’Kanner motivéieren an der Schoul den Impuls ginn, Beweegung och ausserhalb vum Projet ze fërderen.
Alles an engem Projet!