Un den Dësch vun eise Virfaren!
Bei dëser thematescher Féierung mat Atelier entdecken d’Kanner, wat ländlech Familljen un der Lëtzebuerger Musel am 19. an am fréien 20. Joerhonnert giess hunn a wéi si hir Liewensmëttel zoubereet hunn – mat engem besonnesche Schwéierpunkt op der Mëllech-produktioun an der Botterhierstellung. Um Beispill vum Botter entdecken d’Kanner e wichtegen Aspekt vun der ländlecher Geschicht vun der Musel.
A Begleedung vun engem Muséeguide entdecken d’Kanner fir d’éischt d’Sammlunge vum Musée op eng altersgerecht Aart a Weis. Dobäi läit de Schwéierpunkt op de Liewensmëttel, déi deemools konsuméiert goufen, a besonnesch op der Mëllechveraarbechtung an hirer Entwécklung. D’Geheimnisser vum Botterschloen, vun der Kéisproduktioun an dem Konsum vu Mëllechproduiten an der Vergaangenheet ginn de jonke Visiteuren op eng konkret an erliefbar Aart a Weis vermëttelt!
No der Féierung huelen d’Kanner un engem spillereschen Atelier deel, dee vun enger Mediatrice geleet gëtt. Dobäi léieren si déi traditionell Hierstellung vu Botter mat engem Botterfaass kennen. Eng kleng Form steet zur Verfügung, fir dem Botter eng originell Form ze ginn – de fäerdege Botter däerfen d’Kanner mat heem huelen (bréngt w.e.g. onbedéngt eng kleng Killtäsch fir d’Opbewahrung mat).
Dës praktesch an ënnerhalsam Aktivitéit erméiglecht de Kanner, al Techniken auszeprobéieren an d’Veraarbechtung vu Materialien ewéi och den Alldag vu fréieren Zäite besser ze verstoen.
Firwat de Besuch net mat engem leckere Miseler Iessen ofronnen?
De Musée « A Possen » bitt zesumme mam Restaurant « Wäistuff Possenhaus » , deen direkt nieft dem Musée läit, en ofwiesslungsräicht Erliefnes. Sou kënnt Dir Äre Besuch bei engem gemittlechen Iessen ausklénge loossen, dat och op de Goût vun de Kanner ofgestëmmt ass.
Méi Informatiounen iwwer d’Menüen an d’Tariffer sinn op Ufro beim Musée am Viraus verfügbar.
Dës Offer gouf vum SCRIPT op d'Extraklass-Krittären iwwerpréift. Et ass Är Verantwortung als Léierpersoun oder Acteur aus dem SEA sécherzestellen, datt dës Offer fir Är Klass oder Äre Grupp gëeegent ass. Wgl. suergt dofir, dass d'Offer mat Ären Ziler, an de Besoine vun de Kanner a Jonken déi dobäi sinn, iwwereneestëmmt.