E Bléck hanner d’Kulisse vum CNA
-
Cycle/Klass/AlterskategorieSEA-S, Classes inférieures, Cycle 2, Classes supérieures, Cycle 3, Cycle 4
-
SproochenLU, FR, DE, EN
Wat sinn d’Gefore vun der Manipulatioun vun Informatioun? Wéi kënne Medien hire Publikum beaflossen? Den Atelier Tell Lie Vision schafft mat de Schüler.innen un der Medienberichterstattung, andeems als éischt Beispiller vun der Verbreedung vu Desinformatioun analyséiert ginn. Duerno erfannen d’Schüler.innen hir eege Fake-News a produzéieren eng Noriichtesendung, fir déi Aflosstechniken kennenzeléieren, fir hiert Publikum vun der Authentizitéit vun enger Informatioun ze iwwerzeegen. D’Zil vun dësem prakteschen Atelier ass et also, déi Instrumenter an Mechanismen ze entdecken, déi vun de traditionellen (Zeitungen, Fernsehen) an de moderne Medien (Internet, sozial Medien, asw.) benotzt ginn.