Dir kennt se sécher: d’Take Off Show! D’Science Challenge Show vu Lëtzebuerg, an där Jonker kniwweleg Aufgabe léise mussen.

Mir bréngen d’Challengen aus der Show an Är Klass! (kuckt Iech hei un, ëm wat et geet).
Dir kritt eng Këscht mat all de néidege Materialien an Är Klass muss zesummen als Team déi beschte Léisung fir e Problem sichen, an dës dann ëmzesetzen. Dobäi léieren si dann nach ganz niewebäi wëssenschaftlech Phänomener kennen. D’Theeme behandele genausou Naturwëssenschaften ewéi och Ingenieurswëssenschaften. A natierlech gëtt et och eppes ze gewannen! Eng Coupe als Undenken an eng exklusiv Visite am Mr. Science/Take Off Labo mat flotten Experimenter an Challengen!

Wéi funktionéiert dat elo mat dësem Take Off Klassenchallenge?

  1. Dir schreift Är Klass ab elo hei an! Dir kënnt Iech bis de 14.12.2026 umellen. Mee déi éischt 30 Klassen si fir !
  2. All Klass kritt vun eis eng Këscht mam ganze Material fir d’Challenge ze léisen. Dir musst also selwer näischt besuergen!
  3. Dono luede mir den 04.01.2027, de 15.02.2027 an de 12.04.2027 jeeweils e neien Challenge erop. Är Klass huet dann 6 Wochen Zäit, fir d’Challenge ze léisen.
  4. All Challenge ass an e puer Schoulstonne machbar, mee Dir hutt déi komplett 6 Wochen zur Verfügung, wann Dir méi laang drun tüftele wëllt.
  5. Als Beweis, datt Dir den Challenge gepackt hutt, musst Dir eis en Handy Video per swisstransfer zoukomme loossen, matt deem mir jugéiere kënnen, wéi eng Klass d’Challengen am beschte geléist huet a soumat de Klassenchallenge gewënnt.

D’Challengë si fir all Alter machbar an intressant, dat heescht all motivéiert Klassen aus dem Secondaire kënnen deelhuelen. Weist eis, wat Dir kennt! An denkt wgl. drun: d’Umeldung leeft bis den 14. Dezember.

Kontakt bei Froen:
isabelle.schmartz@men.lu (Organisatioun an Oflaf)
joseph.rodesch@fnr.lu / lucie.zeches@fnr.lu (wëssenschaftleche Contenu an Challengen)

Virum Buchen
Dës Offer gouf vum SCRIPT op d'Extraklass-Krittären iwwerpréift. Et ass Är Verantwortung als Léierpersoun oder Acteur aus dem SEA sécherzestellen, datt dës Offer fir Är Klass oder Äre Grupp gëeegent ass. Suergt wgl. dofir, datt d'Offer mat Ären Ziler an de Besoine vun de Kanner a Jonken, déi dobäi sinn, iwwereneestëmmt.

Plan d'études & Cadre de référence national

Technesch Léisunge konzipéieren an ëmsetzen

Technesch Léisunge konzipéieren an ëmsetzen

Konditiounen

Spezifesch Konditiounen

D'Texter sinn deelweis mat KI iwwersat. Dës Iwwersetzunge leien an der Verantwortung vum Partner.