Am Kader vun de Studieninfoe geet d’ACEL reegelméisseg an déi verschidde Lycéeën am Land fir d’Schüler:innen ze informéieren an hier Froen iwwer de Studium, d’Uni an hier Zukunft ze beäntweren.Hei kënnen d’Lycéeën uginn ob si d’ACEL fir eng Präsentatioun an/ oder ee Foiresstand alueden. Mir sinn houfreg op déi 17 Schoulen déi mir am akademesche Joer 2025/2026 konnte besiche goen a freeën eis iwwert all nei Ufro déi erakënnt. Zousätzlech bidde mir d’Méiglechkeet, eis fachspezifesch Cerclë mat unzefroen. Am Fall wou eng Schoul also eng oder méi Studierichtunge besonnesch fërdert, kënnen si déi jeeweileg Cerclë mat alueden. 

Falls Dir drun interesséiert sidd, datt mir och an Äre Lycée kommen, kennt dir Iech direkt bei eis mellen: de Formulaire fir d’Ufro fann dir op acel.lu/studieninfo . Bei anere Froe kenn dir eis kontaktéieren op si@acel.lu



Virum Buchen
Dës Offer gouf vum SCRIPT op d'Extraklass-Krittären iwwerpréift. Et ass Är Verantwortung als Léierpersoun oder Acteur aus dem SEA sécherzestellen, datt dës Offer fir Är Klass oder Äre Grupp gëeegent ass. Suergt wgl. dofir, datt d'Offer mat Ären Ziler an de Besoine vun de Kanner a Jonken, déi dobäi sinn, iwwereneestëmmt.

Plan d'études & Cadre de référence national

Orientatiouns an Entscheedungsprozesser bewosst gestalten

Dokumenter eroflueden

D'Texter sinn deelweis mat KI iwwersat. Dës Iwwersetzunge leien an der Verantwortung vum Partner.