FAI YOUNG ARTISTS CONTEST 2027
-
Cycle/Klass/AlterskategorieCycle 2, Cycle 3, Cycle 4
-
SproochenLU, FR, DE, EN, Aner
D’Studentefoire ass déi zentral Informatiounsfoire zu Lëtzebuerg fir all déi, déi sech mat hirem Wee nom Lycée beschäftegen. Schüler, Elteren an Interesséiert treffen hei Héichschoulen, Universitéiten, Studentecerclen, Berodungsservicer an Organisatiounen op enger Plaz. Sou kënne si sech iwwer Studien zu Lëtzebuerg an am Ausland, verschidde Beruffer an d’Liewen als Student:in informéieren an hir Froen direkt stellen.
D’ACEL organiséiert d’Studentefoire zesumme mam Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR). Wärend Héichschoulen hir Studienoffer presentéieren, deelen d’Studentecerclen hir Erfarungen aus dem Alldag: iwwer Studium, Studentestad, Wunnen, Budget a Gemeinschaft.
Fir hir 40. Editioun kritt d’Studentefoire eng nei Ausriichtung. Nieft dem Héichschoulberäich ginn d’Beruffsorientéierung an d’Engagement vu Jonken nach méi staark an de Virdergrond gestallt. Domat gëtt d’Foire e Raum, fir Studien- a Beruffsperspektiven ze entdecken, awer och fir Initiativen aus dem associative, kulturellen a biergerschaftleche Beräich kennenzeléieren.
Egal ob s du schonn e konkrete Plang hues oder nach no Orientéierung sichs: Op der Studentefoire erwaarden dech Informatiounen, Gespréicher a Perspektiven fir deng Zukunft.