Du wëlls gäre studéiere goen, mee weess awer nach net, wat dech op der Uni erwaart? Dann mell dech un fir de Student fir 1 Dag!

De Student fir 1 Dag ass e Studieninformatiounsprogramm vun der ACEL, zesummen organiséiert mat hire Cerclen.

D’ACEL organiséiert all Joer an der Ouschtervakanz Reese mam Bus, Zuch a Fliger an déi verschidde Studiestied. Hei ginn d’Schüler:inne vum Lëtzebuerger Studentecercle aus der jeeweileger Stad empfaangen a kréien d’Stad, d’Uni an d’Studenteliewe gewisen. Dobäi kréien d’Schüler:innen d’Informatiounen direkt vun engem Student a kënnen aus éischter Hand méi iwwert de Studium, sou wei hir perséinlech Erfarunge gewuer ginn. Ausser bei de Reesen, bei deenen et net méiglech ass, bannent engem Dag hin an zréck ze fueren, gëtt den Transport vun der ACEL organiséiert. De Projet gëtt an deene Stied mat Transport op eegen Initiativ ugebueden. Bei de Busreese ginn et zwee Départspunkten: P&R Bouillon an der Stad an de Parking Am Däich zu Ettelbréck.

An dësem Kader gëtt et och de fachspezifesche Student fir 1 Dag, bei deem d’Studierichtung am Mëttelpunkt steet. Dëse fënnt um Belval an der Uni statt. Zesumme mat de fachspezifesche Cerclë gi Workshops a Presentatiounen ugebueden. D’Schüler kréien och hei d’Méiglechkeet sech direkt mat Student auszetauschen, Froen ze stellen an déi verschidde Studierichtunge besser kennen ze léieren.

 

Virum Buchen
Dës Offer gouf vum SCRIPT op d'Extraklass-Krittären iwwerpréift. Et ass Är Verantwortung als Léierpersoun oder Acteur aus dem SEA sécherzestellen, datt dës Offer fir Är Klass oder Äre Grupp gëeegent ass. Suergt wgl. dofir, datt d'Offer mat Ären Ziler an de Besoine vun de Kanner a Jonken, déi dobäi sinn, iwwereneestëmmt.

Plan d'études & Cadre de référence national

Orientatiouns an Entscheedungsprozesser bewosst gestalten

Dokumenter eroflueden

Konditiounen

Spezifesch Konditiounen

  • Zilgrupp(en)
    Enseignement Secondaire
  • Themeberäicher
    Orientatioun, Beruffer & Liewensweeër
  • Format
    Presentatioun, Visitt
  • Sproochen
    LU
  • Regioun
    Zentrum, Norden
  • Maximum u Participanten
    700
  • Payant
    Jo
  • Plaz vun der Offer
    Extern
  • Frequenz vun der Offer
    Méi oft
  • Frequenz
    6+
  • Dauer vun der eenzeler Aktivitéit
    8h+ h
  • Zäitraum vun der Aktivitéit
    D'Reese fanne wärend der Ouschtervakanz statt.
  • Stickers
D'Texter sinn deelweis mat KI iwwersat. Dës Iwwersetzunge leien an der Verantwortung vum Partner.