#MengChamber. Een Dag als Deputéierten.
D’Lëtzebuerger Parlament direkt sur Place erliewen:
- Unhand vu Simulatiounen, Rollespiller souwéi prakteschen Eenzel- oder Gruppenaktivitéite versetzen sech d’Participant:en an d’Roll vun engem Deputéierte vun der Chamber.
- E Gespréich mat 2 Deputéierte steet och um Programm, wou d’Participant:en Abléck an hire parlamentareschen Alldag kréien.
- Eng Féierung duerch d’Gebai oder d’Beobachtung vun enger Plenarsëtzung ronnt den Atelier of.
An Zesummenaarbecht mat der Chambre des Députés.
Weider Informatiounen & Umeldung: zpb.lu/mengchamber/