Landwirtschaft erliewen – Besuch um Bauerenhaff
„Letzfarm – Landwirtschaft erliewen“ bitt Schoulklassen aus de Cyclen 3 a 4 vun der Grondschoul a Kanner aus de Maison-relaisen d’Méiglechkeet, d’Lëtzebuerger Landwirtschaft direkt um Bauerenhaff ze entdecken.
Iwwer eis Plattform kënnen d’Schoulen an d’Maison-relaisen e passende Bauerenhaff auswielen an eng Visitt ufroen. Déi deelhuelend Häff bidden ënnerschiddlech Aktivitéiten an thematesch Visitten un a ginn de Kanner en authenteschen Abléck an den Alldag an d’Aarbecht op engem landwirtschaftleche Betrib.
Am Mëttelpunkt steet dat praktescht Erliewe vun der Landwirtschaft. D’Kanner léieren ënner anerem kennen, wou eis Liewensmëttel hierkommen, wéi Déiere gehale ginn, wéi Planze wuessen a wéi eng Roll d’Landwirtschaft fir eis Ernärung, d’Natur an eis Landschaft spillt. Jee no Bauerenhaff kënnen dobäi verschidden Theme behandelt ginn.
D’Organisatioun an d’Vermëttlung vun de Visitte leeft iwwer Letzfarm. D’Käschte vun de Visitte ginn am Kader vum Projet iwwerholl.
Dës Offer gouf vum SCRIPT op d'Extraklass-Krittären iwwerpréift. Et ass Är Verantwortung als Léierpersoun oder Acteur aus dem SEA sécherzestellen, datt dës Offer fir Är Klass oder Äre Grupp gëeegent ass. Wgl. suergt dofir, dass d'Offer mat Ären Ziler, an de Besoine vun de Kanner a Jonken déi dobäi sinn, iwwereneestëmmt.