D’Journées du livre et du droit d’auteur sinn all Joer ronderëm den internationalen Dag vum Buch, den 23. Abrëll, a stinn ënnert engem Theema.
D’Evenement riicht sech virrangeg un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement fondamental. Och Lycéeën kënne awer drun deelhuelen. Matmaache kann een als Klass, Zyklus oder ganz Schoul.
De SCRIPT proposéiert eng Bicherlëscht an d’Schoulen organiséieren Aktivitéiten ronderëm d’Theema vum lafende Joer.
Jiddwer Schoul soll d’Aktivitéiten dokumentéieren an am Mee dem SCRIPT eraschécken.
Um Enn vum Schouljoer kréien d’Schoulen, déi matmaachen e Bichermerci geschéckt.

Am Hierscht gëtt et e Réckbléck op d’Journées du livre et du droit d’auteur.

Virum Buchen
Dës Offer gouf vum SCRIPT op d'Extraklass-Krittären iwwerpréift. Et ass Är Verantwortung als Léierpersoun oder Acteur aus dem SEA sécherzestellen, datt dës Offer fir Är Klass oder Äre Grupp gëeegent ass. Wgl. suergt dofir, dass d'Offer mat Ären Ziler, an de Besoine vun de Kanner a Jonken déi dobäi sinn, iwwereneestëmmt.

Plan d'études & Cadre de référence national

jouer avec des mots de différentes langues (réels ou inventés) en explorant leurs sonorités, rythmes ou significations

Valorisation des langues en classe

justifier son point de vue en s’appuyant sur des exemples du texte

comprendre des textes variés, y compris des textes plus complexes ou comportant des éléments de vocabulaire moins familiers

Literatur appreciéieren an interpretéieren

Konditiounen

Texter sinn deelweis vu KI iwwersat. Dës Iwwersetzungen leien an der Verantwortung vum Partner.