Lire un territoire à travers ses trajets
-
Cycle/Klass/AlterskategorieClasses inférieures, Classes supérieures
-
SproochenFR
Wéi gëtt aus enger Iddi eng politesch Decisioun? Firwat consultéiert d’Regierung Betriber, Schoulen, Jonker oder Gewerkschaften?
An dësem interaktive Workshop entdecken d’Schülerinnen a Schüler, wat hannert enger ëffentlecher Decisioun stécht a wéi eng Roll d’Federatioune beim Dialog mat den Decisiounsträger spillen.
An Equippen agedeelt vertriede si verschidden Acteure vun der Gesellschaft a mussen hir Prioritéiten verdeedegen, verhandelen an eng gemeinsam Léisung fir en Thema fannen, dat si direkt betrëfft.
An enger simuléierter Hearing presentéieren a verdeedegen si hir Propositioun virun engem „Minister“. D’Aktivitéit hëlleft de Schülerinnen a Schüler hiert kritescht Denken, hir Argumentatiounsfäegkeeten an hiert Verständnis vum demokrateschen Entscheedungsprozess weider z’entwéckelen.