Pitch your business
-
Cycle/Klass/AlterskategorieClasses supérieures
-
SproochenLU, FR, DE, EN
Betribsvisitt fir Lycéesschülerinnen a Lycéesschüler
Ziler:
– Eng immersiv a spilleresch Visitt an enger lëtzebuergescher Entreprise erliewen.
– D’Aktivitéiten, d’Aarbechtsweis, d’Geschicht souwéi déi verschidde Beruffer, déi an der Entreprise vertruede sinn, kenneléieren.
– D’Schülerinnen a Schüler bei hirer Orientéierung a bei der Wiel vun hirem weidere Bildungswee am Enseignement Secondaire Supérieur begleeden.
Intervenanten: Mataarbechter(innen) vun der Entreprise.
Fir Iech fir dësen Atelier unzemellen oder weider Informatiounen ze kréien, sti mir Iech gär zur Verfügung. Kontaktéiert eis w.e.g. per E-Mail op: ree@cc.lu