Sënneswee “klengen Natur pur”
-
Cycle/Klass/AlterskategorieCycle 1, Cycle 2
-
SproochenLU, FR, DE, EN
• De Projet baut op verschidden Themen aus der Landwirtschaft, regional Produktioun a Saisonalitéit op.
• All Trimester kënnt eng fix Persoun vun eiser Ekipp fir 2 Stonne bei Iech an d’Klass.
• Am éischten Trimester geet et allgemeng em lokal Produkter a wei een des erkennt. Zudeem behandele ma d‘Mëllech- a d‘Mammekéi mei genau an kucken eis d‘Ennerscheeder un.
• Am zweeten Trimester gëtt d‘Haltung vun den Hinger a den Schwäi méi no beliicht. An mir kucken eis saisonaalt a regionaalt Geméis an Uebst un.
• Am leschten Trimester get een Ausfluch op e Bauerenhaff gemaacht fir dat Geleiert enker a Realitéit ze gesinn an dem Bauer all seng Froe kennen ze stellen, déi een nach huet oder déi dann obkommen.