Du wëlls gäre studéiere goen, mee weess awer nach net, wat dech op der Uni erwaart? Dann mell dech un fir de fachspezifesche Student fir 1 Dag!

De Student fir 1 Dag ass e Studieninformatiounsprogramm vun der ACEL, zesummen organiséiert mat hire Cerclen.

Beim fachspezifesche Student fir 1 Dag steet d’Studierichtung am Mëttelpunkt. Dëse fënnt um Belval an der Uni statt. Zesumme mat de fachspezifesche Cerclë gi Workshops a Presentatiounen ugebueden. D’Schüler kréien d’Méiglechkeet sech direkt mat Student:innen auszetauschen, Froen ze stellen an déi verschidde Studierichtunge besser ze léieren.

Den nächste fachspezifesche Student fir 1 Dag fënnt den 28. November um Campus Belval statt. Vertrueden si follgend d’Studentencercelen:

  • ALEM (Medezin)
  • ALSEP (Pädagogik a Sozialberäich)
  • ALESPS (Politik- a Gesellschaftswëssenschaften)
  • ANEIL (Ingenieur/ STEM)
  • ANESEC (Ekonomie)
  • NSA (soins infirmiers)
Virum Buchen
Dës Offer gouf vum SCRIPT op d'Extraklass-Krittären iwwerpréift. Et ass Är Verantwortung als Léierpersoun oder Acteur aus dem SEA sécherzestellen, datt dës Offer fir Är Klass oder Äre Grupp gëeegent ass. Suergt wgl. dofir, datt d'Offer mat Ären Ziler an de Besoine vun de Kanner a Jonken, déi dobäi sinn, iwwereneestëmmt.

Plan d'études & Cadre de référence national

Orientatiouns an Entscheedungsprozesser bewosst gestalten
  • Zilgrupp(en)
    Enseignement Secondaire
  • Themeberäicher
    Orientatioun, Beruffer & Liewensweeër
  • Format
    Workshop, Presentatioun
  • Sproochen
    LU
  • Regioun
    Süden
  • Maximum u Participanten
    250
  • Payant
    Jo
  • Plaz vun der Offer
    Extern
  • Frequenz vun der Offer
    Méi oft
  • Frequenz
    6+
  • Dauer vun der eenzeler Aktivitéit
    4 h
  • Stickers
D'Texter sinn deelweis mat KI iwwersat. Dës Iwwersetzunge leien an der Verantwortung vum Partner.