D’Escher Meedchen an den Escher Bouf, dat waren allebéid Stécker, déi sech mat enger Famill an der Kris beschäftegt hunn, mat enger Sprooch, déi näischt méi daacht an déi d’Figuren an d’Däischtert entléisst. Mam Escher Geescht vervollstännegt d’Mandy Thiery elo hir Milieu-Trilogie iwwer en Trauma, deen eng Famill zerrappt.
Déi erwuesse Geschwëster Mona a Gilles si mam Dout vun hirer Mamm Katrin konfrontéiert. D’Begriefnis soll um Gaalgebierg sinn. Mee den emotionale Ballast ass ze schwéier, d’Wonnen, déi den Inzestfall geschloen huet, ze déif. Wéi weidermaachen, wann een ni geléiert huet, wat dat heescht: ze schwätzen?
Dem Mona seng Duechter Diane sicht no eegene Weeër, fir d’Stëllt vun den Erwuessenen ze briechen. Well et gëtt nëmmen eng Méiglechkeet, an d’Fräiheet ze fannen: d’Wouerecht auszeschwätzen, déi d’Figuren als negativ Präsenz ëmmer gespiert hunn, an esou de Geescht lasszeginn, deen an dësem direkten an éierlechen Theater dräi Generatiounen u Leit geplot a gejot huet.

Reservéierungs ufro: Escher Geescht – Escher Theater

Virum Buchen
Dës Offer gouf vum SCRIPT op d'Extraklass-Krittären iwwerpréift. Et ass Är Verantwortung als Léierpersoun oder Acteur aus dem SEA sécherzestellen, datt dës Offer fir Är Klass oder Äre Grupp gëeegent ass. Suergt wgl. dofir, datt d'Offer mat Ären Ziler an de Besoine vun de Kanner a Jonken, déi dobäi sinn, iwwereneestëmmt.

Plan d'études & Cadre de référence national

Kulturell Ausdrocksforme verstoen

Kulturell Ausdrocksforme verstoen

Konditiounen

  • Zilgrupp(en)
    Enseignement Secondaire
  • Themeberäicher
    Kultur, Konscht & Patrimoine
  • Format
    Schauspill, Show
  • Sproochen
    LU
  • Regioun
    Süden
  • Maximum u Participanten
    132
  • Payant
    Jo
  • Plaz vun der Offer
    Extern
  • Frequenz vun der Offer
    Méi oft
  • Frequenz
    1
  • Dauer vun der eenzeler Aktivitéit
    1 h
  • Zäitraum vun der Aktivitéit
    Mardi 25 mai 2027 à 10:00 heures
  • Stickers
D'Texter sinn deelweis mat KI iwwersat. Dës Iwwersetzunge leien an der Verantwortung vum Partner.