D’Rees vun engem jonken Entrepreneur (inklusiv Eistee-Atelier)
Am Atelier maachen d’Schüler hiren eegene Iced Tea an entdecke wärend enger Visite-Guidée, wéi mir lokal produzéieren. Zur selwechter Zäit léieren si d’Geschicht vun engem jonken Entrepreneur kennen – vun der éischter Iddi bis hin zum eegene Produit an de Regaler (zënter 2022).
Programm: Visite, Atelier, Froen & Äntwerten
Ziler: En Abléck an d’Entrepreneuriat an d’regional Produktioun
Alternativ: Atelier an Fro-Antwort-Ronn an der Schoul
Virum Buchen
Dës Offer gouf vum SCRIPT op d'Extraklass-Krittären iwwerpréift. Et ass Är Verantwortung als Léierpersoun oder Acteur aus dem SEA sécherzestellen, datt dës Offer fir Är Klass oder Äre Grupp gëeegent ass. Suergt wgl. dofir, datt d'Offer mat Ären Ziler an de Besoine vun de Kanner a Jonken, déi dobäi sinn, iwwereneestëmmt.