SDG Radio: D’Produktioun vun engem Podcast-Feature an engem Radiospill
-
Cycle/Klass/AlterskategorieClasses inférieures, Classes supérieures
-
SproochenLU, FR, DE, EN
Beschreiwung:
Dëse Coaching-Programm ass op engagéiert Schülergruppen (wéi Schülerkomitéen) an Enseignanten-Teams geriicht, déi hir Schoul méi ressourcëeffizient a nohalteg gestalten wëllen. Ob et ëm Offallvermeidung, d’Bewosstsinn fir eng korrekt Offallsortéierung ze stäerken oder d’Organisatioun vu nohaltege Schoulveranstaltungen geet – d’Iddien fir d’Ëmsetzung kommen direkt vun de Participanten. D’SDK Akademie bitt Leedung an déi néideg Expertise, fir kreativ Iddien erfollegräich an d’Praxis ëmzesetzen.
All Schoul kritt e personaliséierten Coaching-Programm, deen speziell op hir Besoinen a Ziler ugepasst ass.
Zil:
De Coaching huet als Zil, de Schüler an dem Léierpersonal d’Méiglechkeet ze ginn, hir Schoul aktiv a konkret an d’Richtung Nohaltegkeet ze transforméieren. Op dës Manéier gëtt nohalteg Aktioun konkret a méi einfach fir d’ganz Schoulgemeinschaft ëmzesetzen.