Natur,
Landwirtschaft
& nohaltege Konsum

Développement durable, environnement, climat,
énergie, biodiversité, consommation responsable.

Hei fannt Dir d'”Stickeren”, déi den Ënnerthemen an der Kategorie “Natur, Landwirtschaft & Nohaltege Konsum” entspriechen:

Nohaltege Konsum

Dëse “Sticker” konzentréiert sech op d’Problematik vum nohaltege Konsum. Aktivitéiten, déi dëse “Sticker” droen, ënnersichen d’Originne vun de Produkter, déi mir all Dag konsuméieren, analyséieren d’Aarbechtsbedéngungen, ënner deenen se produzéiert goufen, a berücksichtegen Transportweeër a Müllpräventioun. D’Zil ass et, e verantwortungsvollt Verhalen ze fërderen, beim Decken vun eisen alldeegleche Bedierfnesser.

 

Energie

Dëse “Sticker” zeechent déi Aktivitéiten aus, déi sech mat den Thematiken “erneierbar Energien” an “deeglecht Energiespueren” befaassen.

Klima

Dëse “Sticker” identifizéiert Aktivitéiten, déi d’Bewosstsinn fir de Klimawandel (seng Ursaachen, Manifestatiounen a Konsequenzen) stäerken a konkret Aktiounen fir de Klimaschutz proposéieren.

Biodiversitéit

Dëse “Sticker” ëmfaasst Aktivitéiten, déi sech mat der Bezéiung tëscht Mënsch an Natur, dem Respekt vun eiser Ëmwelt an dem Schutz vun Déieren a Planzen beschäftegen.

 

Landwirtschaft

Dëse „Sticker“ zeechent Aktivitéiten aus, déi een Abléck an den Ursprung vun eise Liewensmëttel an an d’Erausfuerderunge vun enger nohalteger Landwirtschaft erméiglechen.