Am Bësch aktiv – Kreativitéit an der Natur
-
Cycle/Klass/AlterskategorieCycle 1, Cycle 2, Cycle 3, Cycle 4
-
SproochenLU, FR, DE, EN
Sicht Dir no Méiglechkeete fir Kanner a Jonker, eng Verbindung zur Natur opzebauen, déi hir Gesondheet an hiert Wuelbefanne positiv beaflosst? Wëllt Dir hiert Bewosstsi fir eisen ökologesche Foussofdrock schäerfen? Wëllt Dir komplex Themen (wéi de Klimawandel, d’Bedroung vun der Biodiversitéit oder d’Kreeslafwirtschaft) aus enger wëssenschaftlecher Perspektiv behandelen? Sicht Dir dobäi nach no konkrete Beispiller aus dem Alldag oder zukunftsorientéierten Handlungsméiglechkeeten?
Loosst Iech vun enger grousser Auswiel un Aktivitéiten a pedagogeschen Offeren inspiréieren – déi op déi national Bildungspläng ofgestëmmt sinn, vun iwwerpréifte Partner ugebuede ginn a sech fir verschidde Bildungskontexter eegnen.
Sidd Dir drun interesséiert, méi iwwer Bildung fir nohalteg Entwécklung gewuer ze ginn? Da besicht eis Websäit bne.lu. Do fannt Dir déi leschten News grad esou wéi Fachliteratur zum Thema. An do kënnt Dir Iech iwwer déi verschidden BNE 2027-Projeten informéieren (BNE Networking, BNE Training, BNE Youth, BNE Awards an/oder BNE Supply).