Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen!

De Pit ass ëmmer gespaant drop, dem Barry Lee seng fantastesch Geschichten ze héieren. Deen ass nämlech de gréisste Geschichtenerzieler aus dem Duerf. Hien erzielt ëmmer nees dem Pit, datt säi Papp als Piratekapitän an Uruguay schafft. Enges Daags huelen déi zwee Bouwen en zolitt Schlauchboot a maachen sech op de Wee no Uruguay. Fir d’éischt geet et iwwert d’Péitruss, dann iwwert d’Uelzecht an dann…

D’Buch ass eng Geschicht iwwer d’Frëndschaft, d’Fantasie, d’Verlaangeren an den Doud.

  • Autor
    Meyer, Roland
  • Illustrator
    Goetzinger, Mariepol
  • Erscheinungsjahr
    2009
  • ISBN
    978-2-87967-159-8
  • Cycle
    3, 4
  • Sproochen
    Luxemburgisch
  • Genre
    Kinderbuch
  • Verlag
    Op der Lay
  • Bibliothekskatalog