Wichapi
An engem besonnesch kale Wanter beschléissen d’Sioux fortzegoen, fir an enger méi waarmer Géigend hiert Gléck ze sichen. D’Indianermeedchen Wichapi awer wëllt onbedéngt seng beschte Frëndin, d’Bieremeedchen Ursa, erëmgesinn, fir him Äddi ze soen. Mä d’Ursa hält nach Wanterschlof. Dofir beschléisst d’Wichapi, beim Ursa ze bleiwen, bis dat rëm waakreg gëtt, an hatt léisst säi Stamm ouni hatt fortgoen.
Et gëtt d’Buch och op Franséisch.