Véier kleng Cousineën am Mëllerdall : Wanteraventuren am Bësch
Kuerz viru Chrëschtdag spillen déi véier kleng Cousineën am Mëllerdall bei der Bomi um Späicher. No enger Zäit gëtt et hinne langweileg a si ginn an de Bësch spillen. Si mierken net, datt si sech verlaf hunn, bis et mat schneien ufänkt a si heem wëllen. Wéi fannen si dann elo de Wee zréck?
D’Geschicht ass a Reimen erzielt a wonnerschéin illustréiert. Et gëtt d’Buch och op Franséisch an op Englesch.