Toni Konfettoni
Den Toni Konfettoni ass e sportleche klenge Fuuss, deen immens gär spréngt a leeft. Déi aner Déiere bewonneren hien net nëmme fir säin Talent, mee hien ass och nach e richteg léiwe Fuuss.
Mee enges Daags mierkt hien, datt him alles méi schwéier fält: hie kann net méi sou héich sprangen oder sou séier lafe wéi virdrun an hie gëtt ëmmer méi faarweg. Seng Frënn, déi hien ëmmer esou bewonnert hunn, fänken op eemol un, de Geck mat him ze maachen.
Vläicht kann him jo déi kleng Zaubermaus Kamello Pop hëllefen?