Tel Mo: e Kannerbuch fir erwuesse Leit
Den Tel Mo ass e portugisesche Jong deen déck Problemer huet – saï Papp deen en immens vermësst ass zréck a Portugal, seng Mamm ass nei bestuet a just ëm hiren “Neie” besuergt, vun deem si awer geschloe gëtt. Hien ass fort vun doheem, am Foyer – an och wann et tragesch a schlëmm ass wat e gemaach hutt fir dohinner ze kommen, versteet den Auteur, mat senger direkter Sprooch, Empathie beim Lieser ze schafen.
D’Buch mat senger deels krasser Sprooch ka fréistens vu Kanner vum Enn vu Cycle 4 gelies ginn.