Starallüren um Krautmaart

Am Zoo kënnt e sibireschen Tiger op d’Welt, de Kiran. Et stellt sech eraus, datt de Kiran eng wonnerschéi Stëmm huet, a ganz séier ass hien d’Haaptattraktioun vum Zoo.

Bei engem Feier am Zoo stierft dem Kiran seng Mamm. Zesumme mat senge Frënn Indira, engem Afemeedchen, a Philomenia, engem Papagei, ass de Kiran elo fräi. Mä déi Fräiheet gefält him net esou gutt, hie vermësst säi Publikum, deem hien eppes virsange kann.

Dofir gëtt hie seng Fräiheet op a geet an den Zirkus. Eng Entscheedung, déi hien nach bereie wäert.

  • Autor
    Weiten-de Waha, Mireille
  • Illustrator
    Weiten, Marco
  • Erscheinungsjahr
    2011
  • ISBN
    978-2-9199611-3-9
  • Cycle
    2, 3
  • Sproochen
    Luxemburgisch
  • Genre
    Bilderbuch
  • Verlag
    Mireille Weiten-de Waha
  • Bibliothekskatalog