Schipps : en doheem fir Chrëschtdag
Et ass Hellegowend an de klengen Hond Schipps ass ganz traureg: hien huet keen Doheem a fillt sech ganz aleng. Hie mécht sech an der Keelt op d’Sich no enger Famill, déi mat him Chrëschtdag feiere wéilt.
Mee kee wëll eppes mat him ze dinn hunn. Vläicht klappt et jo um Haff vun der Boma Gritti…